|Kris| Profile picture
Sep 16 16 tweets 4 min read
De Josy Hames, den an engem Facebookkommentar déi jonk gréng an déi gréng generell als Terrorist:inne bezeechent huet, followet op Facebook enger Rei komescher Accounts. Insgesamt sinn et 56 Säiten, déi hie mat engem Like markéiert huet, ech hunn se mir méi genee ugekuckt
AfD-Fraktion im Bayerischen Landtag: Zanter leschter Woch ass déi ganz AfD a Bayern e Beobachtungsfall fir den däitsche Verfassungsschutz, well de Verdacht besteet, dass si am Widdersproch zur fräiheetlecher, demokratescher Gronduerdnung steet. br.de/nachrichten/ba…
Bernhard Zimniok: En Europadeputéierte vun der AfD aus Bayern. Duerch geleakten, intern AfD Chats ass erauskomm, dass hie proposéiert hat, e Schwéngskapp virun enger Moschee ofzeleeën.
br.de/nachrichten/ba…
Daniel Lindenschmid: En Deputéierten am Landtag vu Baden-Württemberg vun der AfD. A BaWü ginn de rietsextremisteschen Deel vun der AfD, „der Flügel“ genannt, an d’Jugendpartei vun der AfD, d’JA, vum Verfassungsschutz beobacht. verfassungsschutz-bw.de/,Lde/Startseit…
Engelhardt Kelm: En AfD Lokalpolitiker aus Mecklenburg-Vorpommern. De Verfassungsschutz an MV waart ëmmer nach op e Geriichtsurteel, fir d’AfD ze beobachten.
Dozou muss awer gesot ginn, dass dat just eng Formalie ass an de Verfassungsschutz Organisatiounen och ouni en Urteel beobachten dierf. ndr.de/nachrichten/me…
Gerd Kögler: E bayreschen Lokalpolitiker, deen am Abrëll aus der AfD ausgetrueden ass. br.de/nachrichten/ba…
Hans-Jürgen Goßner: En Deputéierten am Landtag vu BaWü vun der AfD, deen 1998 bis 2002 Member bei der rietsextremistescher Partei „Die Republikaner“ war.
Martin Sichert: En Deputéierten am Bundestag aus Bayern vun der AfD, deen ënnert anerem duerch d‘Verharmlosung vun de Verbrieche vun de Nationalsozialisten oder der falscher Behaaptung, dass méi jonk Leit un der Covidimpfung wéi u Covid selwer gestuerwe wieren, opgefall ass.
Eng Nicole Höchst Supporterpage: Eng Deputéiert am Bundestag aus dem Saarland vun der AfD, déi duerch vill kontrovers Aussoen: Verglach vun der Merkel mam Hitler, Homophobie, Behënnertefeindlechkeet, Verschwierungserzielungen asw.
Ralf Schönborn: En Deputéierten am Landtag vu Rheinland-Pfalz vun der AfD.
Tino Chrupalla: En Deputéierten am Bundestag an Co-Virsëtzenden vun der AfD. Scho virun 2020 ass hien vum Bundesverfassungsschutz beobacht ginn. zeit.de/politik/deutsc…
Ausserdeem huet hien nach 3 verschidde Schwurbelpages geliket.
Weder d’Säite vun der @CSV_news, nach déi vu CSV-Politiker:innen huet hie geliket. Mee dofir direkt eng AfD Säit an d’Säite vu 9 verschidden AfD Politiker:innen.
Et ass inakzeptabel, dass eng Persoun, déi sech sou fir rietsextremistesch Politiker:innen a Verschwierungserzieler:innen interesséiert, eng aktiv politesch Karriär bei der CSV maache kann. Ech fuerderen d’@CSV_news dozou op, Konsequenzen ze zéien.

• • •

Missing some Tweet in this thread? You can try to force a refresh
 

Keep Current with |Kris|

|Kris| Profile picture

Stay in touch and get notified when new unrolls are available from this author!

Read all threads

This Thread may be Removed Anytime!

PDF

Twitter may remove this content at anytime! Save it as PDF for later use!

Try unrolling a thread yourself!

how to unroll video
  1. Follow @ThreadReaderApp to mention us!

  2. From a Twitter thread mention us with a keyword "unroll"
@threadreaderapp unroll

Practice here first or read more on our help page!

More from @Kriskrosso

Sep 14
Déi nächst populistesch Schmierkampagne, déi faktuell vu vir bis hannen falsch ass, vun de Piraten géint gréng. Wéi och scho bei der Muffelgeschicht, ass de Post gesponsert. Déi éischt méi oder manner aggressiv Reaktiounen an de Kommentare ginn et och schonn. Screenshot vun engem populi...
Déi Reaktiounen kommen och aus riets-reaktionären Kreeser. Bravo @svnee, Dir kënnt als @Piratepartei wierklech houfreg sinn, dass Dir a sou brongt Gewässer fësche gitt, fir de bëllege Populismus ënner ze kréien.
Read 5 tweets
Jan 3
Zu Schengen waren eng 20 Leit dem Spadséiergangsopruff aus de Verschwierertelegrams nokomm. D'Police ass eng Kéier kuerz mat der Camionette laanscht gefuer an no 2 Minutten rem gefuer.

Och soss am Land hunn sech just eng 10-15 Leit zesumme fonnt, wann iwwerhaapt.
Mënsch kann also festhalen, dass si net eemol méi virun der Hausdier vun de Leit, Mënsche mobiliséiere kënnen. Am Aen muss mënsch et trotzdem behalen, vu dass si sech elo all Woch fir "Spadséiergäng" treffe wëllen.
Read 7 tweets

Did Thread Reader help you today?

Support us! We are indie developers!


This site is made by just two indie developers on a laptop doing marketing, support and development! Read more about the story.

Become a Premium Member ($3/month or $30/year) and get exclusive features!

Become Premium

Don't want to be a Premium member but still want to support us?

Make a small donation by buying us coffee ($5) or help with server cost ($10)

Donate via Paypal

Or Donate anonymously using crypto!

Ethereum

0xfe58350B80634f60Fa6Dc149a72b4DFbc17D341E copy

Bitcoin

3ATGMxNzCUFzxpMCHL5sWSt4DVtS8UqXpi copy

Thank you for your support!

Follow Us on Twitter!

:(