My Authors
Read all threads
"Nei Etüd: Jugendlecher si méi infektiéis wéi Erwuessener" - deen Artikel op RTL.lu gëtt vill diskutéiert, an dat net nëmmen bei eis am Land. D'Fro déi sech stellt ass natierlech déi, wat dat fir d'Schoulen bedeit.... (1/x)
Wann een den originalen Artikel liest (Link hei drënner), da stellt ee Folgendes fest:

a) Donnéeë si vum 20. Januar bis den 27. Mäerz - wärend dem Lockdown a Korea, an zu engem Moment wou d'Schoulen do zou waren. (1/x)
b) Doheem gëtt sech méi ugestach (11,8%) wéi "net doheem" (1,9%). Wéi gesot, dat war wärend dem Lockdown. Ech ginn dervun aus, dass déi meescht Koreaner zimmlech enk beienee wunnen - do ass social distancing wuel net méiglech. Schéngt mer normal dass ee sech méi ustécht. (3/x)
c) Tëscht 0 an 9 Joer sinn 3/57 Kontakter doheem ugestach ginn. Dat si just 5,3 %. Dat ass de klengste Wäert am Tableau. Kleng Kanner schéngen d'Krankheet manner ze verbreeden. (4/x)
d) Tëscht 10 an 19 Joer fënnt een den héchste Wäert: 18.6 % positiv Kontakter doheem. Wat awer opfält ass dass déi Kategorie krass aner Wäerter huet wéi 0-9 an 20-29 Joer. Tëscht 20 an 29 Joer goufen 3419 Kontakter doheem retracéiert. Bei den 10-19 Järegen just 231. (5/x)
e) Genau an der Alter-Kategorie, deen eis fir d'Lycéeën interesséiert, fale just 457 vun den 59073 retracéierte Kontakter (=0,8%). Pro positive Fall goufen do just 3.7 Kontakter retracéiert. Déi 0-9 Järegen haten an der Moyenne 8.2 Kontakter. Komesch. (6/x)
f) Interessant ass och, dass just 2,2% vun den Index-Patienten tëscht 119 Joer al sinn. Firwat ass dat net méi gläichméisseg opgedeelt? (7/x)
Fazit: Kanner a Jugendlecher kënne sech infizéieren, an d'Krankheet weider ginn. Kleng Kanner ginn d'Krankheet wuel manner weider. Mee ech géif mer eng Etüd wënschen, déi méi genau d'Situatioun an der Schoul kuckt - am léifsten vergläichbar mat eisem Schoul-System. (8/x)
Wann de Virus an der Bevëlkerung aktiv ass, dann och an der Schoul. Dee Moment muss een entspriechend Mesuren huelen - z.Bsp. Maskeflicht bei méi wéi 10 Neiinfizéierter pro 10000 Awunner an enger Woch. Et gëtt och wuel keng Alternative zum Contact-tracing an isoléieren! (9/x)
Hei nach de Link zum Originalartikel:
wwwnc.cdc.gov/eid/article/26…
(10/x, x=9)
Missing some Tweet in this thread? You can try to force a refresh.

Keep Current with Marcel Kramer

Profile picture

Stay in touch and get notified when new unrolls are available from this author!

Read all threads

This Thread may be Removed Anytime!

Twitter may remove this content at anytime, convert it as a PDF, save and print for later use!

Try unrolling a thread yourself!

how to unroll video

1) Follow Thread Reader App on Twitter so you can easily mention us!

2) Go to a Twitter thread (series of Tweets by the same owner) and mention us with a keyword "unroll" @threadreaderapp unroll

You can practice here first or read more on our help page!

Follow Us on Twitter!

Did Thread Reader help you today?

Support us! We are indie developers!


This site is made by just two indie developers on a laptop doing marketing, support and development! Read more about the story.

Become a Premium Member ($3.00/month or $30.00/year) and get exclusive features!

Become Premium

Too expensive? Make a small donation by buying us coffee ($5) or help with server cost ($10)

Donate via Paypal Become our Patreon

Thank you for your support!