Marcel Kramer Profile picture
LCD, physics @UniLiège, squash @ SCE, headmaster @ LCD, husband, father of 2 teenage girls, lucky to live in the beautiful Grand Duchy of Luxembourg.
Oct 16, 2020 12 tweets 2 min read
Am LCD, wou ech den Direkter sinn, gouf et am Ufank vum Schouljoer vill Opreegung wéinst eisem "Code vestimentaire". Hei ee perséinleche Message.
TLDR: ech zéihen d'Plainte géint den Auteur vun der Karikatur zeréck. (1/x) Dëst Dokument (een Deel vum Code de vie), ass den 28. Februar 2020 am Conseil d'éducation finaliséiert ginn (jo, just virum Covid). Lo am September hu mer dëst Dokument quasi "einfach esou" an den Ëmlaf ginn. (2/x)
Jul 26, 2020 6 tweets 2 min read
Nodeems d'Task-Force vun @ResearchLux zimmlech pessimistesch Previsiounen publizéiert huet, déi ech ganz onrealistesch fannen, posten ech hei 3 Scénario-en, wéi mäi Modell d'Situatioun gesäit. Alles 'ohne Gewähr'!! (1/x) Wéi et wierklech kënnt, weess keen, an dat hänkt virun allem vun eisem Verhalen of, dofir:

Haalt Ofstand, drot är Mask, a loosst iech testen! (2/x)
Jul 20, 2020 10 tweets 2 min read
"Nei Etüd: Jugendlecher si méi infektiéis wéi Erwuessener" - deen Artikel op RTL.lu gëtt vill diskutéiert, an dat net nëmmen bei eis am Land. D'Fro déi sech stellt ass natierlech déi, wat dat fir d'Schoulen bedeit.... (1/x) Wann een den originalen Artikel liest (Link hei drënner), da stellt ee Folgendes fest:

a) Donnéeë si vum 20. Januar bis den 27. Mäerz - wärend dem Lockdown a Korea, an zu engem Moment wou d'Schoulen do zou waren. (1/x)