Jean Reuter đź’Š Profile picture
Intensive Care doctor đź’Š at Centre Hospitalier de Luxembourg. Special interest in infectious diseases. Opinions are my own
Jan 16, 2022 • 9 tweets • 2 min read
D’Recommandatioune vum Experterot schénge mir e gudde Kompromëss ze sinn:

- d’sektoriell Impfflicht ass eng deontologesch a moralesch Evidenz

- Iwwert 50 Joer ginn d’Mortalitéit an d’Hospitalisatioune staark an d’Luucht.

Trotzdeem e puer Remarken:

1/9
Fir en Impakt op d’Omikron-Well ze hunn kommen d’Mesuren ze spéit. D’Mesurë gräifen eventuell fir eng nächst Well /de nächste Variant. Ze hoffe bleift dass déi zukünfteg Variant’en net méi geféierlech fir déi Jonk ginn, soss misst een iwwert d’Alterslimitt nees diskutéieren.

2/9
Oct 29, 2021 • 4 tweets • 1 min read
Den Owend gëtt nees «Fräiheet» op der Marche blanche geruff. Iwwerdeems preparéiert de CHL sech drop nees OP’en ofsoen ze mussen, well et enk gëtt am Spidol, notamment op der Intensivstatioun. Bal en Drëttel vun der Intensivstatioun sinn nees Covid-Patienten. All NET geimpft.
1/3
Zanter dem 01/07/21 ware ganz genau 3 Covid-Patienten op der RĂ©a am CHL geimpft, bei Ronn 30 Covid-Patienten.
Verschiddener vun den Ongeimpften haten sech op d’Wonnertraitementer verlooss déi vum Dr O. promouvéiert ginn. Ëmsoss.
2/3
Apr 29, 2021 • 4 tweets • 1 min read
Dank der Nominatioun vum Christiane #Wickler zur Presidentin vum CA vu
#Cargolux gëtt d'Verschwörungstheoretiker-Szene vun Expressis-verbis salonsfäeg
gemaach.

👇🧵 Zanter engem Joer kämpfen mir géint d'Falschinformatioun, géint déi
falsch Verspriechen vum Professor vu Marseille, géint all Zort vu
Wonnermëttel.

Zanter engem Joer landen ëmmer erëm Patienten op der Intensivstatioun
déi doheem "Wonnermëttel" verschriwwen kruten.