Sven Clement Profile picture
Member of Parliament (@ChambreLux) for @Piratepartei 🚀 Builder of digital things that make life easy ✨ Making the world a better place, one byte at a time!
Apr 3, 2023 8 tweets 2 min read
Ech profitéieren an engem Thread 🧵 op e puer Saachen z’äntweren, well et mengen ech derwäert ass déi Rees kritesch ze kucken awer och de Wäert derhannert ze verstoen. 1) Den CO2-Ausstouss vun der Reess ass secher e Facteur (dofir hunn ech main duerch kaafe vun 100% SAF kompenséiert) et ass awer méi ekologesch wéi dat wat mer der Recouvrementsprozedur opgezwongen hunn. Wou jiddereen huet misste fir ENG Ënnerschrëft op 🇱🇺 fléien.
Aug 4, 2021 17 tweets 6 min read
Den @dan_kersch fuerdert jo nach ëmmer eng "Krisegewënnersteier" oder "Coronasteier", fir d'Lescht de Moien um @RTLlu hien behapt och datt en domadder 5-6 Milliarde Läscher well stoppen. Ech hu mol duerchgerechent ob dat realistesch ass. E klengen 🧵👇 Dank dem @STATEC an dem @OpenDataLU hunn ech all Bilanen erofgelueden déi vu Betrieber als #eCDF publizéiert goufen. (Am Ganzen 668.983 vun 2011 bis 2021)
Jul 17, 2021 7 tweets 4 min read
D'@CorinneCahen seet ech hätt him net nogelauschtert an ech wier net an der Chamber gewiescht! Ech hunn him ganz gutt nogelauschtert a bis zum Schluss vun der Interventioun u menger Äntwert op hir Deklaratioun geschriwwen. Hei e Beispillscreenshot. Fazit: 1 Liggen… Ah jo ech wor e puer Minutten ze spéit well d'Covid-Gesetz och nach huet misste preparéiert ginn. Ech hunn um Wee an de Cercel awer de Livestream gelauschtert an hunn näischt verpasst.