Den @dan_kersch fuerdert jo nach ëmmer eng "Krisegewënnersteier" oder "Coronasteier", fir d'Lescht de Moien um @RTLlu hien behapt och datt en domadder 5-6 Milliarde Läscher well stoppen. Ech hu mol duerchgerechent ob dat realistesch ass. E klengen 🧵👇
Dank dem @STATEC an dem @OpenDataLU hunn ech all Bilanen erofgelueden déi vu Betrieber als #eCDF publizéiert goufen. (Am Ganzen 668.983 vun 2011 bis 2021)
Als Arennerung, seng Parameter sinn, wien 2020-2021 mindestens 10% méi wéi d'Moyenne vun 2015-2020 Benefice gemaach huet, dee soll 5-10% méi Steiere bezuelen.
Et fänkt domadder un datt déi Parameter absolute Quatsch sinn a weisen datt et hei Populismus ass a keng ekonomesch Analyse gemaach gouf. Well 1. gi Perten mat an d'Moyenne gerechent oder net? 2. Firwat gett de "Résultat Reporté" net och gekuckt? Wann deen zB negativ ass?
Och d'Ausso 5-10% méi Steieren ass irreféierend. 5 - 10 % vun de Steiere méi oder 5 - 10% mei vum Benefice ofginn?
Ech ginn elo mol dovunner aus datt en 5 - 10 % méi Steiere mengt. Well soss wéilt en jo quasi de ganzen zousätzleche Benefice beschlagnahmen.
D'Steierverwaltung benotzt an hire Beispiller fir Betrieber eng "Charge fiscale globale" vun 24,94%
👇
5% méi wieren dann: 26,19 %
10% respektiv dann: 27,43 %
Mir wëssen datt een dierf "Pertes reportés" vun de Beneficer ofzéien, dat hunn ech an de folgende Beispiller emmer gemaach. Ech hu fir d'Moyenne och emmer nemmen déi positiv Jore geholl, well een soss direkt wann een emmer Perten an eemol Benefice gemaach huet "fälleg" wier.
Daten sinn alleguerten dagesaktuell vum @OpenDataLU erofgelueden an vu mir traitéiert ginn.
Se ëmfaassen 14.472 Betrieber déi well fir 2020 e Bilan deposéiert hunn.
Dovunner sinn 2.830 derbäi déi iwwert 10% méi Beneficer wéi hir Moyenne gemaach hunn.
Nom ofzéien vun den reportéierte Perten bleiwen nach 2.437 Betrieber iwwreg déi ënnert d'Parameter vum @dan_kersch falen.
Dës hunn zesummen laut hire Bilanen ronn 10,5 % vun alle Beneficer vun 2019 ausgemaach.
Vue datt 2019 am Ganzen 2,590 Milliarden u Steieren vu Betrieber erakoumen geif sech d’Steierlaascht ongeféier lineaire errechne loossen. Da kéint ee soen datt dës Beneficer ronn 272 Millioune Steierrecetten ausmaachen.
Am Szenario 5% méi Steieren wieren dat also 13,6 Milliounen déi de Staat hei "potenziell" méi erakréie kéint. Bei 10% logescherweis dann 27,2 Milliounen.
Et stellen sech mir zwou Froen:
1. Kann den Dan Kersch rechnen? Oder huet en dat hei well eemol gemaach ?
2. Vu datt seng Koalitiounspartner (weder @dp_lu nach @deigreng) näischt vun dëser Steier wësse wëllen, wéini zitt en d'Konsequenzen an trëtt aus der Regierung aus?
Am Resumé, dem @dan_kersch seng Propose vun enger #Coronasteier ass pure Populismus, net duerchgerechent AN huet keng Chance fir eng Majoritéit an der Regierung ze fannen. Et ass Wahlkampfspektakel fir datt och mol rem een vun him schwätzt.
A fir déi ganz Absurdidéit nach eemol un engem konkrete Beispill ze weisen, sou gett et „LE GRAND BALLON Sàrl“ (B94394) déi 2020 am ganzen 7.164 % (jo iwwer 71 mol méi awer am Ganzen just 641.119,03 €) méi wéi hir Moyenne u Benefice gemaach hunn.
Dat erklärt sech awer doduerch datt de Patron an d’Pensioun gaangen ass an de Firmesëtz verkaaf huet. Wier et elo fair deen nach eemol zousätzlech ze besteieren? Virun allem well do elo Wunnraum entsteet.
Och dat konkret Beispill weist datt dem @dan_kersch seng #Coronasteier net iwwerluecht ass an zudeems ongerechteg applizéiert kéint ginn. Vun engem Minister deen Accès zu all dësen Informatiounen huet (se stinn fräi um Internet) misst ee wéinsten eng chiffréiert Propose erwarden.
tl;dr: Den @dan_kersch proposéiert aus wahltakteschen Grënn eng populistesch #Coronasteier déi net mol annähernd géif dat erabrengen wat néideg wier, ongerechteg wier fir verschiddener an en huet et och net mol fir néideg fonnt fir seng Propose duerchzerechnen…

• • •

Missing some Tweet in this thread? You can try to force a refresh
 

Keep Current with Sven Clement

Sven Clement Profile picture

Stay in touch and get notified when new unrolls are available from this author!

Read all threads

This Thread may be Removed Anytime!

PDF

Twitter may remove this content at anytime! Save it as PDF for later use!

Try unrolling a thread yourself!

how to unroll video
  1. Follow @ThreadReaderApp to mention us!

  2. From a Twitter thread mention us with a keyword "unroll"
@threadreaderapp unroll

Practice here first or read more on our help page!

More from @svnee

17 Jul
D'@CorinneCahen seet ech hätt him net nogelauschtert an ech wier net an der Chamber gewiescht! Ech hunn him ganz gutt nogelauschtert a bis zum Schluss vun der Interventioun u menger Äntwert op hir Deklaratioun geschriwwen. Hei e Beispillscreenshot. Fazit: 1 Liggen…
Ah jo ech wor e puer Minutten ze spéit well d'Covid-Gesetz och nach huet misste preparéiert ginn. Ech hunn um Wee an de Cercel awer de Livestream gelauschtert an hunn näischt verpasst.
D'Madamm Cahen seet an hirem Interview um @100komma7 och nach datt se net geäntwert hätt, well jo keng konkret Fro méi koum. Och dat ass eng Liggen, well et koum eng ganz konkret Fro ë.a. vu mir a widderholl vum @michwolter
Read 7 tweets

Did Thread Reader help you today?

Support us! We are indie developers!


This site is made by just two indie developers on a laptop doing marketing, support and development! Read more about the story.

Become a Premium Member ($3/month or $30/year) and get exclusive features!

Become Premium

Too expensive? Make a small donation by buying us coffee ($5) or help with server cost ($10)

Donate via Paypal Become our Patreon

Thank you for your support!

Follow Us on Twitter!

:(