Am LCD, wou ech den Direkter sinn, gouf et am Ufank vum Schouljoer vill Opreegung wéinst eisem "Code vestimentaire". Hei ee perséinleche Message.
TLDR: ech zéihen d'Plainte géint den Auteur vun der Karikatur zeréck. (1/x)
Dëst Dokument (een Deel vum Code de vie), ass den 28. Februar 2020 am Conseil d'éducation finaliséiert ginn (jo, just virum Covid). Lo am September hu mer dëst Dokument quasi "einfach esou" an den Ëmlaf ginn. (2/x)
Ech hunn net realiséiert dass do ee Problem kéint entstoen, well et sech net ëm nei oder méi restriktiv Reegelen handelt. Dat war ee Feeler, an dat hätte mer sécherlech missen anescht a besser kommunizéieren. (3/x)
Ënnert dem Stréch ass a bleift et a mengen An awer de richtegen Message, an steet esou och am Gesetz: all Schüler (Jongen a Meedercher) mussen sech korrekt undoen fir an d'Schoul. (4/x)
Et ass dunn op de soziale Medien zu engem Shitstorm komm - och doduerch dass, bewosst oder onbewosst, ganz kloer falsch an manipuléiert Informatiounen verbreet a gedeelt goufen. D'Auteuren vun deene Posten, hunn et bis haut nach net fir néideg fonnt dat ze korrigéieren. (5/x)
Eise Schülercomité huet sech direkt bei mir gemellt, mir haten eng konstruktiv Entrevue, a mir hunn zesummen decidéiert dass een erklärende Communiqué un d'Klasse géif goen. Genau esou soll dat och funktionéieren - de Schülercomité huet seng Aufgab virbildlech gemaach. (6/x)
Leider ass et awer weidergaangen, an ee Saz deen ech esou wuertwiertlech net gesot hunn, gëtt aus dem Kontext gerappt an ëmmer nees als soi-disant Zitat vu mir genotzt a géint mech verwennt. (7/x)
Ech well dofir hei ganz ausdrécklech kloerstellen, dass all Zort vun Iwwergrëff (verbal oder physesch) géint ee Meedchen oder géint ee Jong wéinst senge Kleeder, inacceptabel ass, an dass mir do als Schoul konsequent dergéint virginn. (8/x)
An deem selwechte Kontext ass och eng Zeechnung vun engem jonken Erwuessenen (kee Schüler, wéi ëmmer neess behaapt gëtt) verëffentlecht ginn, déi fir mech perséinlech eng rout Linn iwwerschratt huet. (9/x)
De Message deen do suggeréiert gëtt, ass absolut ënnert der Gürtellinn, inakzeptabel, dorunner leiden ech perséinlech, an dorunner leit och eis Schoul. (10/x)
Ech hu mech entschloss, d'Plainte géint den Auteur vun der Zeechnung zeréck ze zéien. Ech wollt ee kloert Zeeche setzen, dass déi doten Zort vu perséinlecher Verunglimpfung ze wäit gaangen ass. Ech wënsche mer, an hoffen, dass dëst Thema elo endlech zum Ofschloss kënnt. (11/x)
Ech muss no mir an no menger Famill kucken.
Ech brauch meng ganz Energie fir, zesumme mat menger Direktiounséquipp, de Proffen an dem Personal, den LCD duerch des schwiereg Corona-Situatioun ze féieren. Dat huet fir mech absolut Prioritéit. (12/12)
• • •
Missing some Tweet in this thread? You can try to
force a refresh
Nodeems d'Task-Force vun @ResearchLux zimmlech pessimistesch Previsiounen publizéiert huet, déi ech ganz onrealistesch fannen, posten ech hei 3 Scénario-en, wéi mäi Modell d'Situatioun gesäit. Alles 'ohne Gewähr'!! (1/x)
Wéi et wierklech kënnt, weess keen, an dat hänkt virun allem vun eisem Verhalen of, dofir:
Haalt Ofstand, drot är Mask, a loosst iech testen! (2/x)
a) Scénario 1 wier, wann Ufanks August d'Zuele vun de Neiinfektiounen erofgeet - dëst ass dee Scénario op deen ech hoffen! Déi 2. Well wier dann méi 'kleng' wéi déi 1., an eise Gesondheetssystem géif net iwwerlaascht ginn. (3/x)
"Nei Etüd: Jugendlecher si méi infektiéis wéi Erwuessener" - deen Artikel op RTL.lu gëtt vill diskutéiert, an dat net nëmmen bei eis am Land. D'Fro déi sech stellt ass natierlech déi, wat dat fir d'Schoulen bedeit.... (1/x)
Wann een den originalen Artikel liest (Link hei drënner), da stellt ee Folgendes fest:
a) Donnéeë si vum 20. Januar bis den 27. Mäerz - wärend dem Lockdown a Korea, an zu engem Moment wou d'Schoulen do zou waren. (1/x)
b) Doheem gëtt sech méi ugestach (11,8%) wéi "net doheem" (1,9%). Wéi gesot, dat war wärend dem Lockdown. Ech ginn dervun aus, dass déi meescht Koreaner zimmlech enk beienee wunnen - do ass social distancing wuel net méiglech. Schéngt mer normal dass ee sech méi ustécht. (3/x)